COMMANDE TEAMSPORT FREELANDER'S
31 October 2022
Vun Teamsport Freelander's gouf dem FC Blo-Wäiss Izeg eng praktësch App zur Verfügung gestallt, déi nach bis den 13.November 2022 fräigeschalt ass an iwwert déi eis Jugend- (all Kategorien!) a Seniors-Spiller kënnen duerch Scannen vum QR-Code
oder iwert de Link
https://form.jotform.com/222562045875358
hir Packagen (Joggingen, Trikoen, Boxen...) zesummestellen an individuell bestellen.
Fir sämtlech Commanden ass Teamsport Freelander's selwer zoustänneg, de Club ass deemno net an de Prozess involvéiert!