GLÄICHSPILL AN ZWEE BLESSÉIERTER GÉNGT ÉILERENG
26 November 2022
Eis Senior Reserven hunn um 10. Spilldag matt Éilereng 2:2 (1:2) gläichgespillt.
No der fréier Féirung fir déi Blo-Wäiss duerch de Luca da Silva konnten d’Visiteuren de Match nach virun der Paus zu hire Gonschten dréien. Matt engem Distanzschoss huet den Dylan Denauw eiser Ekipp awer nach e Punkt gerett.
Eisen zwee Blesséierten Luca da Silva a Bruno Fernandes wënsche mir vun dëser Plaatz aus eng gudd Besserung.
EKIPP FC IZEG: Neves, Denauw, Fernandes, Cillien, Neu, Da Silva, Badagnani, Ferreira, Rocha, Kemelharen, Ziebart
Reserve: Coimbra, Music, Tacchi