DRÄI WICHTEG PUNKTEN
27 November 2022
Eis éischt Ekipp huet géngt den Opsteiger Bieles hiren zweeten Heemerfolleg gefeiert a klëmmt am Klassement vun der zweetleschter op déi 13. Plaatz.
D’Goler fir déi Blo-Wäiss sinn kuerz noeneen (11. an 16. Minutt) gefall, zwee Mol huet de Yannick Goncalves getraff.
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Falkner, Faustino, Wagener, Myre, Jacinto, Faria, H.Mehanovic, Gollette (60.’ Faber), Goncalves
Schonn dëse Mëttwoch, den 30.November ëm 20 Auer steet den nächste Match beim Tabellenzweeten FC Schengen um Programm.