DRÄI VERDÉNGTE PUNKTEN


05 March 2023

No dräi Nidderlagen hannerteneen konnt eis éischt Ekipp um 19.Spilldag endlech nees dräi Punkten akasséieren. Zu Zéisseng gouf et e verdéngten 3:1 (1:0)-Erfolleg.
 
Dräi Minutten, nodeem den Zéissenger Spiller Mendy déi rout Kaart gesinn hat (32.’), huet de den Erik Perrey d’Visiteuren a Féirung bruet. Kuerz no der Paus huet de Yannick Goncalves op 2:0 erhéicht.
 
Den Zéissenger Uschlossgol ass an der Nospillzäit (90.+1.’) gefall, ier den agewiesselten Louis Gales an der 90+3.’ alles kloer gemaach huet.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Falkner, Faustino (45.’ Tacchi), Marques (88.’ Faber), Dos Reis, Perrey, Ribeiro, Myre, Wagener, Faria (75.’ Gales), Y.Goncalves 

Nächste Sondeg, den 12.Mäerz ëm 16 Auer steet en Heemmatch géngt Suessem um Programm.