WICHTEG VICTOIRE


12 March 2023

Eis éischt Ekipp huet duerch en 2:1 (1:0)-Erfolleg géngt den direkte Konkurrent Suessem dräi wichteg Big Points verbucht a vergréissert den Ofstand op eng Barrageplaatz op sechs Punkten.

 

De Louis Gales hat déi Blo-Wäiss fréi a Féirung bruet (5.’), ier d’Visteuren kuerz no der Paus (56.') ausgläiche konnten. Den zweeten Izeger Gol duerch de Rubben Myre (74.’) huet um Enn d’Victoire bedeit.

 

EKIPP FC IZEG: Chenard, Wagener, Tacchi, Ribeiro (75.’ Faber), Marques, Dos Reis, Myre, Perrey, Faria, Gales (68.’ Rischard), Falkner

Nächste Sondeg, den 19. Mäerz ëm 16 Auer steet en Auswäertsmatch zu Bartreng um Programm.