DRËTTE SUCCÈS HANNERTENEEN
19 March 2023
Duerch Goler vum Louis Gales (7.’) an Zidane dos Reis (70.’) konnt eis éischt Ekipp sech zu Bartreng matt 2:1 (1:0) duerchsetzen.
De Bartrenger Uschlossgol ass an der 90.Minutt gefall. Duerch hiren drëtten Erfolleg hannerteneen verbesseren sech déi Blo-Wäiss op déi néngten Tabelleplaatz an hunn elo néng Punkten Virsprong op den éischte Barragist Suessem.
EKIPP FC IZEG: Chenard, Falkner, Faustino, Tacchi, Marques, Dos Reis, Perrey (88.’ T.Goncalves), Ribeiro (82.’ Faber), Myre, Wagener, Gales (63.’ Rischard)
Wéinst dem EM-Qualifikatiounsmatch vun der Lëtzebuerger Nationalekipp géngt Portugal (26.03.) gëtt den nächsten Heemmatch géngt Wuermer schonn e Samschdeg, de 25.Mäerz gespillt. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 18 Auer.