DRËTT VICTOIRE HANNERTENEEN


14 April 2024

Eis éischt Ekipp huet hir englësch Woch mam drëtten 2:1-Erfolleg hannerteneen ofgeschloss.
 
Géngt den Tabellenzweeten Jonglënster sinn eis Jongen optimal an de Match komm, wéi den Ado Skenderovic schonn no fënnef Minutten per Fräistouss den 1:0 markéiert huet.
 
Kuerz no der Paus haten d’Visiteuren d’Chance fir auszegläichen, mee den David Chenard am Izeger Gol konnt den Elefmeter vum Varela entschäerfen. An der Nospillzäit (90+1.‘) sollt dunn awer nach den 1:1 falen, ier dem Semir Louadj an de leschte Sekonne vum Match de verdéngten 2:1 fir déi Blo-Wäiss gelongen ass (90+3.').
 
Mam Maximum vun 9 Punkten aus de leschten dräi Matcher verbessert sech eis Ekipp am Klassement matt elo 36 Punkten op déi 8. Plaatz.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Skenderovic (73.‘ Marques), Jacinto, Bousseau, Falkner, Dos Reis (73.’ Perrey), Louadj, Fernandes, Gales (73.‘ Rischard), Yagremongo (57.‘ Myre)
 
Nächste Sondeg, den 21.Abrëll steet de Championnatsmatch vum 25.Spilldag beim FC Schengen um Programm. Ustouss um Terrain zu Remerschen ass ëm 16 Auer.