AUSLOUSUNG VUN DE COUPEN


09 August 2022

Haut den Owend goufen um Siège vun der FLF zu Monnerech déi éischt Matcher vun den eenzelnen Coupen ausgeloust.
 
Am Tour préliminaire vun der Coupe de Luxembourg ass eis éischt Ekipp spillfräi. Am éischten Haapttour steet sondes, den 11.September en Auswäertsmatch beim Racing Heischent-Eschduerf (2.Divisioun) um Programm.
 
Am Tour préliminaire vun der Coupe FLF sinn déi Blo-Wäiss spillfräi, dat selwecht gëlt fir eis zweet Ekipp an der Coupe vun de Senior Reserven.
 
Eng haart Noss waart am Tour préliminaire vun der Coupe des Dames op eis Meedercher. Samschdes, den 10.September kënnt et zur Neioplag vun der Halleffinall vun der leschter Saison tëschent den Dammen vum FC Blo-Wäiss Izeg an dem Titelverdeedeger Racing Union Lëtzebuerg.