AUSWÄERTSERFOLLEG ZU DIKRECH


13 February 2021

Um 9.Spilldag vum Championnat an der Ligue 1 huet eis éischt Dammenekipp sech zu Dikrech matt 3:0 (1:0) duerchgesat. D'Goler fir d'Entente Izeg/Cebra hunn d'Amal Cherkane (43.'), d'Lisa Noesen (50.') an d'Lynn Kettel (82.') geschoss.

No dëser Victoire hunn eis Meedercher elo 18 Punkten um Kont a bleiwen doduerch am Klassement op der drëtter Plaatz. Nächste Weekend steet de Spëtzematch géngt den Tabellenzweeten Jonglënster um Programm.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Goncalves (80.' Kettel), Kieffer, Morgado, Pedrosa, Santos, Borges, L.Noesen, Graas (50.' K.Noesen), Amalou, Cherkane (73.' Mangen)