BATTER NIDDERLAG ZU GRÉIWEMAACHER


07 May 2022

Eis éischt Ekipp huet um 28.Spilldag beim Tabellenéischten Gréiwemaacher an der leschter Sekonn duerch en Elefmeter onglécklech matt 1:2 (1:1) de Kierzere gezunn.

Déi Blo-Wäiss ware schon no 8 Minutten duerch den Harun Mehanovic a Féirung gaang, déi den CSG  an der 28.‘ konnt ausgläichen. Eis Jongen hunn de ganze Match matt allem, wat si haten, dogéngt gehaal.

Um Enn goufen d’Spiller vum Trainer Yves Block leider net fir hiren Asaatz belount. An der 6. Minutt vun der Nospillzäit huet den Abitter op Elefmeter fir d’Lokalekipp entscheed, déi dësen dankbar ugeholl huet.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Boutarene, Tacchi, Kona, Jacinto, Costa, Marques, Dos Reis (90.‘ Faria), H.Mehanovic (88.‘ Gales), B.Mehanovic (56,’ Martins)

Nächste Sondeg, 15.Mee steet de leschten Heemmatch vun der Saison géngt Beggen um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 16 Auer.