DAMMEN - KENG REUSSITE UM RACING
27 April 2022
Eis éischt Dammenekipp huet hiren Nodrosmatch um Stater Racing matt 0:3 (0:2) verluer.
An der éischter halwer Stonn stoungen eis Meedercher defensiv gudd an hunn kaum Golchancen vun der Lokalekipp zougelooss.
Et huet bis déi 29.Minutt gedauert, ier en onglécklechen Handelefmeter d'Äis zugonschten vum Tabellenéischten gebrach huet. Nëmmen dräi Minutte méi spéit huet e flaache Wäitschoss säi Wee duerch d'Gewulls an eisem Strofraum bis an de Gol fond an et stoung 2:0.
Kuerz no der Paus (52.') konnt de Racing matt sengem drëtte Gol fir d'Entscheedung suergen. Duerno huet d'Entente Izeg/Cebra besser mattgespillt a koum selwer zu Chancen, vun denen awer leider keng konnt genotzt ginn.
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, K.Noesen, Pedrosa, Zarnowski, Boutellaka, Morgado, Lopes, L.Noesen, Amalou, Soares, Clerc
Reserve: Kieffer, Goncalves, Silva, Schmid