DAMMEN - SPÉIT VICTOIRE GÉNGT HESPER


08 May 2022

Um 24.Spilldag huet eis éischt Dammenekipp matt 3:1 (1:0) géngt Hesper gewonn. D'Melania Morgado hat d'Entente Izeg/Cebra fréi a Féirung bruet (9.'). Eréischt déi lescht Véirelstonn sollt et dunn méi turbulent ginn.
 
Kuerz nom Hesper Ausgläich an der 75.' krut d'Sania Amalou déi giel-rout Kaart gewisen. Eis Meedercher hunn awer och an Ënnerzuel den Iwerbléck behal an duerch d'Aurélie Clerc (86.', Elefmeter) an d'Asha Alves (90.') den Deckel drop gemaach.
 
Iwerdeems d'Spillerinnen vum Chantal Graas hir Flicht erfëllt hunn, wäert et fir de Swift schwéier ginn, de Wee an d'Ligue 2 nach ze vermeiden.
 
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, Kieffer (70.' Goncalves), K.Noesen, Boutellaka, Morgado, Zarnowski, L Noesen (60.' J.Lopes), Clerc, Amalou, Soares (75.' Alves), Raos
 
#icc