DEN IZEGER FUTTBALL ASS AN TRAUER


29 June 2022

Den Izeger Futtball huet déi traureg Flicht, mattzedeelen, dass eise fréiere Spiller a spéideren Trainer Fränz Primc eis haut am Alter vu 65 Joer leider fir ëmmer verlooss huet.
 
De Fränz war no senger aktiver Carrière, wou hien och fir d'Bouneweger Aris gespillt huet, laang Joren beim Sporting Mäerzeg engagéiert, ier hien no enger Tëschestatioun zu Biissen, bis 2006 beim FC Blo-Wäiss Izeg d'Cadets trainéiert huet.
 
Am Mäerz 2009 ass de Fränz eng weider Kéier fir zwee Joer bei säin Heemechtsveräin zréckkomm an huet eis éischt Ekipp virum Ofstieg an d'3.Divisioun gerett. Duerno war hien nach iwer 10 Joer laang als Jugendkoordinator vun der Ettelbrécker Etzella am Asaatz.
 
Mir wäerten de Fränz ëmmer an allerbeschter Erënnerung behalen an drécken senger Famill a Frënn eist häerzlecht Bäileed aus.