DRÄI PUNKTEN ZU WAASSERBËLLEG


14 May 2023

Um zweetleschte Spilldag huet eis éischt Ekipp sech beim Tabelleleschten Union Mertert-Waasserbëlleg matt 2:0 (1:0) duerchgesat.

 

De Yan Falkner hat déi Blo-Wäiss no enger halwer Stonn per Wäitschoss a Féirung bruet, ier de Yannick Goncalves an der Nospillzäit den Deckel dropgemaach huet (90+3.’). Déi bescht Geléenheet fir den Ausgläich hat d’Lokalekipp an der 65.’, wéi awer en Elefmeter nëmmen un der Lat geland ass.

 

EKIPP FC IZEG: Karray, Falkner, Almeida, Tacchi, Myre (85.’ Rischard), Ribeiro, Jacinto, Dos Reis, Sinanovic (64.’ Faber), Gollette (75.’ Marques), Y.Goncalves

 

Nächste Sondeg, de 21.Mee steet de leschten Heemmatch vun der Saison géngt d’US Sandweiler um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16 Auer.