ÉISCHT AUSWÄERTSPUNKTEN
06 November 2022
Um 10. Spilldag konnt eis éischt Ekipp um Izeger Kiermessondeg e wichtegen 1:0-Auswäertserfolleg bei der US Esch feieren.
No Virarbecht vum Samy Sebaa hat den Erik Perrey schonn an der zweeter Spillminutt den entscheedende Gol geschoss. Am Klassement stinn déi Blo-Wäiss weiderhin op der zweetleschter Plaatz, duerch dës Victoire konnt awer de Kontakt zu den direkte Konkurrenten oprecht erhal ginn.
No bis dohinn fënnef, deelweis däitlechen Auswäertsnidderlagen hannerteneen, waren et dës Saison déi éischt Punkten fir eis Ekipp op géignerëschem Terrain.
EKIPP FC IZEG: Chenard, Falkner, Lima, Wagener, Faustino, Marques (68.‘ Faber), Jacinto, Dos Reis, Perrey (30.‘ B.Mehanovic), H.Mehanovic (79.’ Faria), Sebaa
Nächste Sondeg, den 13.November steet en Heemmatch géngt Menster um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 15 Auer.