FEINE GESTE VUM JASMIN SABOTIC


16 August 2022

Bei Geléenheet vun enger klenger Receptioun um Stade Albert Kongs huet de Jasmin Sabotic haut den Owend dem FC Blo-Wäiss Izeg säin Trikot iwerreecht, matt deem hien de 25.Mee den U21-Qualifikatiounsmatch England géngt Andorra zu Bournemouth arbittréiert hat.
 
De Jasmin ass zënter mëttlerweil 12 Joer ënner Izeger Lizenz als Abitter am Asaatz a krut 2020 de FIFA-Badge. Ënnert anerem war hien am Mee och bei der U17-Europameeschterschaft an Israel engagéiert an huet den 31.Juli de Match Alemannia Aachen géngt Düren an der däitscher Regionalliga West geleet.
 
Mir soen dem Jasmin Merci fir dee feine Geste a wënschen him op sengem weidere Wee alles Guddes a vill Satisfaktioun!