GENERALVERSAMMLUNG VUM 23.OKTOBER 2020


13 November 2020

Viru kuerzem huet den FC Blo-Wäiss Izeg am neie Centre culturel CELO zu Hesper seng alljährlech Generalversammlung ofgehalen. De spéiden Termin (23.Oktober) erklärt sech doduerch, dass et wéinst der Corona-Pandemie an denen domatt verbonnenen Restriktiounen net méiglech war, d’Versammlung zum gewinnten Datum am Juli ofzehalen.

Den neie President Bob Scholer, deen niewt enger Rei Clubmemberen och de Buergermeeschter Marc Lies an d’Diane Adehm vum Schäfferot begréisse konnt, huet vun der Geléenheet profitéiert, fir souwuel der Gemeng Hesper wéi och jidfer Eenzelnem fir d‘Ënnerstëtzung an dëser schwiereger Period Merci ze soen. No enger Gedenkminutt zu Éiren vun de verstuerwene Memberen ass de Bob Scholer zum Ordre du jour iwergaang.

Niewt all de Problemer, déi di aktuell Situatioun bis elo matt sech bruet huet, konnt trotz allem ervirgestrach ginn, dass - bedéngt duerch den Ofbroch vun der Saison 2019/20 - virzäiteg den Opstieg vun eiser éischter Ekipp an d‘1.Divisioun feststoung.

Aus dem Aktivitéitsbericht goung des Weideren ervir, dass och d’Senior Reserven vum FC Blo-Wäiss dës Saison e Stack méi héich, spréch an der 3.Klass, untrieden. Doniewt haten, bis zum fréizäitegen Stopp am Mäerz, souwuel eis zwou Dammenekippen wéi och eis Jugendspiller an denen eenzelne Kategorien bis dohin matt uerdentleche Leeschtungen iwerzeegt.

De Finanzrapport huet däitlech gemaach, dass de Club weiderhin op stabile Féiss steet. Am Numm vun de Keesserevisoren huet den Dick Spitters eng perfekt Buchféierung an d’Richtegkeet vun de Konten bestätegt.

Fir déi aktuell Saison stinn eng Rei Manifestatiounen (Wanterflair, Après-Ski-Party, Jugendturnéier…) op der Agenda, déi allerdengs coronabedéngt nach definitif musse konfirméiert ginn. Op sportleche Plang koum eis éischt Ekipp gudd an d’Saison eran. D’Spiller vum Trainer Paulo Moura hunn an denen éischten 8 Matcher schonn 19 Punkte gesammelt a bleiwen iwert de Joreswiessel am 2.Bezirk vun der 1.Divisioun un der Tabellespëtzt.

Virun der Wiel vum neie Conseil d’Administration huet de Bob Scholer dene Comités-Memberen, déi sech op eegene Wonsch zréckgezunn hunn, nach emol fir hire jorelaangen Asaatz fir de Club Merci gesot. Iwerdeems Ivica Repusic, Nedo Repusic, Frank Zeimes, Marco Baum, Raoul Hippertchen, Jean-Paul Meisch an Adriano Tempesta net méi am Comité engagéiert sinn, goufen d’Kandidaturen vum Samuel Abrantes, Leo Blitgen, Elisabeth Demuth, Joël Fischer, Angie Hohengarten, Jean-Marie Lies an Tom Mathes per Akklamatioun ugeholl a konfirméiert. Wat d’Keesserevisoren betrëfft, hunn sech Claude Braun an Gast Zens zréckgezunn. Hir Charge iwerhuelen an Zukunft Raoul Claus an Patrick Ziebart.

Am Numm vum Hesper Schäffen- a Gemengerot huet de Buergermeeschter Marc Lies déi Responsabel fir hir Arbecht felicitéiert, an dem neie Comité fir d’Zukunft alles Gudds gewënscht.

Den neie Veräinscomité setzt sech folgendermoossen zesummen:

President a Sekretär: Bob Scholer; Vizepresidenten: John Kieffer an Alain Leuck; Tresorière: Elisabeth Demuth; Memberen: Samuel Abrantes, Leo Blitgen, Cliff Claus, Joël Fischer, Angie Hohengarten, Josée Kugener, Gérard Lanter, Jean-Marie Lies an Tom Mathes. Cooptéiert Memberen: Claude Marangon, Joé Meyer, Christian Pütz an Patrick Weiler.