GOLER AM RICHTEGE MOMENT


30 November 2022

Nom jéngsten 2:0-Erfolleg géngt Bieles konnt eis éischt Ekipp haut den Owend noléen an sech onerwaart däitlech beim Tabellenzweeten FC Schengen matt 6:1 (3:1) duerchsetzen.

Duerno hat et allerdéngs bis kuerz virun der Paus iwerhapt net ausgesinn. No der Izeger Féirung duerch den Alex Faria (Fräistouss, 17.‘) hat d’Lokalekipp an der 28.‘ ausgeglach, konnt awer eng Rei weider gudd Chancen net notzen.

Déi Blo-Wäiss hunn et iwerdeems besser gemaach a sinn no Goler vum Harun Mehanovic (42.‘) an Yannick Goncalves (45+1.‘) matt engem 3:1-Virsprong an d’Paus gaang.

Direkt nom Säitewiessel huet de Yannick Goncalves (47.‘) erhéicht, ier Schengen no enger rouder Kaart an der 57.Minutt an Ënnerzuel huet missen weiderspillen. Dovun konnten d’Visiteuren profitéieren an hunn duerch weider Goler vum Gilles Faber (63.‘) a vum kuerz virdrun agewiesselten Bilal Mehanovic (66.‘) fir d’Entscheedung gesuergt.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Myre, Lima, Faustino, Wagener, Jacinto, Dos Reis (70.‘ Almeida), Faber (83.‘ Ribeiro), Faria, H.Mehanovic, Goncalves (65.‘ B.Mehanovic)

Nächste Sondeg, de 04. Dezember steet zu Märel de leschten Auswäertsmatch vun dësem Joer um Programm. Ustouss um Stade Prince Henri ass ëm 15 Auer.