KENG PUNKTEN AM NORDEN


19 May 2022

Eis éischt Dammenekipp huet hiren Nodrosmatch bei der Entente Wëntger/Wolz matt 0:1 verluer.
 
Den entscheedende Gol ass schonn no 18 Minutten gefall.
 
Nodeems de Match am Abrëll eng éischte Kéier net konnt gespillt ginn, well keen Abitter do war, huet sech fir d’Entente Izeg/Cebra also och déi zweet Rees an d’Éisléck net rentéiert.
 
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Besch, Kieffer, K.Noesen, Boutellaka, Pedrosa, Zarnowski, J.Lopes, Morgado, Amalou, Soares, De Jesus
Reserve: Schmid, Graas
 
Nächste Samschdeg, den 21.Mee steet de leschte Match vun dëser Saison géngt Dikrech um Programm. Ustouss zu Izeg um synthetëschen Terrain ass ëm 19 Auer.
 
#icc