KENG PUNKTEN FIR EIS MEEDERCHER
17 October 2021
Eis éischt Dammenekipp huet sech um sechste Spilldag an der Ligue 1 géngt den Tabellenéischten RFCU Lëtzebuerg matt 0:4 (0:2) misse geschloë ginn a fällt doduerch am Klassement op déi sechst Plaatz zréck.
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, K.Noesen, Pedrosa, Goncalves, Clerc, Borges, Morgado, L.Noesen, Jessica Lopes, Amalou, Alami. Reserve: Soares, Boutellaka, De Jesus
Nächste Samschdeg, den 23.Oktober steet en Auswäertsmatch op der Fola um Programm. Ustouss ass ëm 19 Auer zu Esch/Lalleng.
Fir eis zweet Ekipp gouf et an der Ligue 2 eng 3:5 (1:3)-Nidderlag géngt Käerjeng. Déi dräi Goler fir d'Entente Cebra/Izeg II ginn op de Kont vum Lynn Kettel, zwee dovun op Elefmeter.
D'Spillerinnen vum Trainer Joel da Rocha hunn de Gäscht vu Käerjeng, déi sech duerch dësen Erfolleg op déi zweet Plaatz verbessert hunn, iwer 90 Minutten alles ofverlaangt an hätten op mannst e Punkt verdéngt gehat.

EKIPP ENTENTE CEBRA/IZEG II: Martins, Kettel, Franc, Weis, De Sousa, Silva, Da Costa, Gregorius, Jenny Lopes, Gilles, Reinertz. Reserve: Mendes, Nilles, Ferring
Den nächste Match vun der Entente Cebra/Izeg II ass e Samschdeg, den 23.Oktober ëm 19 Auer zu Nidderkuer.
#ICC