RÉCKSTAND GEDRÉIT


08 November 2022

Um siewente Spilldag hunn eis Senior Reserven sech zu Suessem matt 4:3 (1:0) duerchgesat.

Nodeem déi Blo-Wäiss matt engem 1:0-Virsprong (Jason Rocha, 9.') an d'Paus gaang waren, konnt Suessem duerch dräi Goler bannent 14 Minutten de Match kuerzäiteg zu senge Gonschten dréien. D'Visiteuren hunn sech dovun awer net beandrocke gelooss a konnten duerch Edin Music (72.') an Alessandro Badagnani (75.') ausgläichen.
 
Domatt wollten eis Jongen sech awer nach net zefridde ginn. Kuerz viru Schluss huet de Pit Ziebart (89.') de Lucky Punch gesat an senger Ekipp déi dräi Punkten gesechert.
 
EKIPP FC IZEG: Karray, Varela, Fernandes, Tacchi, Ribeiro, Rocha, Do Rosario, Faria, Ferreira, Neu, Ziebart
Reserve: Music, Coimbra, Badagnani
 
Schonn dëse Freideg, den 11. November steet den nächste Match géngt Wuermer um Programm. Gespillt gëtt ëm 20 Auer zu Izeg um synthetëschen Terrain.