REVANCHE NET GEGLÉCKT


15 May 2021

Um 23.Spilldag huet eis éischt Dammenekipp sech missen matt engem 1:1-Gläichspill géngt Wëntger zefridde ginn, bleiwen awer och am véierte Match hanereneen ongeschloen.

Schonn no sechs Minutten hat d'Sania Amalou d'Entente Izeg/Cebra a Féirung bruet. An engem Match ouni vill kloer Golchancen huet Wëntger matt vill Asaatz dogéngtgehal a konnt kuerz viru Schluss ausgläichen (85.').

No der 1:2-Nidderlag am Aller-Match zu Wëntger konnten eis Meedercher sech deemno net revanchéieren a falen am Klassement op déi fënneft Plaatz zréck.

Nächste Freideg, den 21.Mee geet et weider matt engem Auswäertsmatch zu Mamer. Ustouss ass ëm 19h30.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, K.Noesen, Goncalves, Morgado, Borges, L.Noesen, Pedrosa, Santos, Amalou (77.' Sousa), Cherkane