ZE SPÉIT ERWECHT


29 May 2021

De leschten Heemmatch vun der Saison 2020/21 ass fir d'Entente Izeg/Cebra matt enger Nidderlag op en Enn gaang. Géngt d'Entente Wuermer/Minsbech/Gréiwemaacher hunn eis Meedercher matt 1:2 de Kierzere gezunn.

D'Gäscht vun der Musel ware kuerz virun der Paus duerch e Wäitschoss a Féirung gaang (42.') a konnten an der 52.Minutt op 0:2 erhéijen. D'Lokalekipp huet et eréischt an der Schlussphas fäerdegbruet, vereenzelt geféierlech Aktiounen erauszespillen. Méi wéi dem Sara Borges säin Uschlossgol an der leschter Spillminutt ass awer leider net méi dobei erausgesprong.

Nächste Samschdeg, de 5.Juni steet de leschte Match vun der Saison bei der Entente Rouspert/USBC um Programm. Ustouss ass ëm 19h00 zu Ralingen (D).

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, K.Noesen, Goncalves, Morgado (77.' Graas), Borges, L.Noesen, Pedrosa, Santos, Kieffer, Amalou (41.' Sousa), Cherkane