VICTOIRE AUS DER HAND GINN


26 February 2024

Eis éischt Ekipp huet sech um 17. Spilldag géngt den FC Red Black Égalité matt engem 2:2 (1:0)-Gläichspill missen zefridde ginn.
 
Nodeem déi Blo-Wäiss an der 37.Minutt duerch de Sabin Yagremongo a Féirung gaang waren, hat deselwechte Spiller kuerz no der Paus d’Méiglechkeet, per Elefmeter op 2:0 ze erhéijen. Säi Schoss konnt awer vum Keeper paréiert ginn. E puer Minutte méi spéit huet den Ademir Skenderovic et besser gemaach – säin Elefmeter war dobannen an et stoung 2:0 fir d’Lokalekipp (57.‘).
 
D’Visiteuren hunn iwerdeems net opginn, koumen bannent kuerzer Zäit (68.‘ an 71.‘) zum Ausgläich an konnten, no enger giel-rouder Kaart (77.‘), och an Ënnerzuel d’Resultat iwert d’Zäit bréngen.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Skenderovic, Faustino, Jacinto, Bousseau, Marques (78.‘ Dos Reis), Myre, Louadj, Schroeder, Faber (70.‘ Sinanovic), Yagremongo (70.‘ Perrey)
 
Nächste Sondeg, den 03.Mäerz steet de Championnatsmatch vum 18.Spilldag bei der Union Réimech-Bus um Programm steet. Ustouss um Terrain „Op der Millen“ zu Réimech ass ëm 16 Auer.