NULLNUMMER ZU RÉIMECH
03 March 2024
Eis éischt Ekipp huet sech um 18.Spilldag bei der Union Réimech-Bus misse matt engem 0:0 zefridde ginn.
Déi beschten Izeger Golchance hat de Semir Louadj an der Nospillzäit vun der éischter Halbzeit, wéi sengem Schoss d’Laat am Wee stoung. Am Klassement bleiwen déi Blo-Wäiss matt elo 27 Punkten weider op der 7.Plaatz.
EKIPP FC IZEG: Chenard, Skenderovic, Faustino, Jacinto, Bousseau, Marques, Myre, Louadj, Faber, Schroeder, Fernandes
Reserve: Baroudi, Almeida, Dos Reis, Ribeiro, Sinanovic
Nächste Sondeg, den 10.Mäerz geet et weider mam 19.Spilldag beim FC Luxembourg City. Ustouss ass ëm 16 Auer um Terrain um Cents.