KENG PUNKTEN UM CENTS


11 March 2024

Och nom véierte Match vun der Réckronn muss eis éischt Ekipp weider op déi éischt Victoire no der Wanterpaus waarden.

Beim FC Luxembourg City gouf et eng 0:4 (0:2)-Nidderlag, d'Goler fir d'Lokalekipp sinn an der 14., 39., 64. an 90. Minutt gefall. Am Klassement rutschen déi Blo-Wäiss doduerch op déi 9.Plaatz.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Skenderovic, Faustino, Jacinto, Bousseau, Marques, Myre (86.' Ribeiro), Faber (60.' Sinanovic), Schroeder (46.' Louadj), Fernandes, Yagremongo

Nächste Sondeg, de 17.Mäerz geet et weider mam 20.Spilldag géngt d'Union Käl-Téiteng. Ustouss ass ëm 16 Auer um Stade Albert Kongs zu Izeg.